De Larry Bonifas (iCN an der Direktioun 03) an de Steve Juchemes (iCN an der Direktioun 10) stellen dir d'Aufgab vun haut vir ...

Rätsel vum 14. Dezember 2020

Wéi kann een dëst Rätsel ëmänneren? Kann een et méi liicht, oder méi schwéier maachen? Wéi eng kreativ Méiglechkeete ginn et nach? Probéier, zesumme mat engem anere Schüler oder enger anerer Schülerin, en neit Rätsel ze erfannen!

Deel dat neit Rätsel da mat denger Klass a kuck ob si d'Léisung fannen ...

Wann s du wëlls, kanns du e Screenshot vun dengem neie Rätsel op educoding(at)men.lu schécken. Schreif däin Numm, deng Klass an deng Schoul derbäi ... sou kann et mat villen anere Klassen aus dem ganze Land op EDUCODING.lu gedeelt ginn ...