D'Cynthia Herrmann (iCN an der Direktioun 06) an de Marc Kremer (iCN an der Direktioun 14) stellen dir déi 1. Aufgab vun eisem Adventskalenner vir ...

Rätsel vum 1. Dezember 2020

(eventuell: Download vun engem klenge passende Film via klick op SICHERN oder OK!)

Wéi kann een dëst Rätsel ëmänneren? Kann een et méi liicht, oder méi schwéier maachen? Wéi eng kreativ Méiglechkeete ginn et nach? Probéier, zesumme mat engem anere Schüler oder enger anerer Schülerin, en neit Rätsel ze erfannen!

Deel dat neit Rätsel da mat denger Klass a kuck ob si d'Léisung fannen ...

Wann s du wëlls, kanns du e Screenshot vun dengem neie Rätsel op educoding(at)men.lu schécken. Schreif däin Numm, deng Klass an deng Schoul derbäi ... sou kann et mat villen anere Klassen aus dem ganze Land op EDUCODING.lu gedeelt ginn ...